Spannenden Match um Samsden

Spannenden Match um Samsden

En immens flotten Match kruten Spectateuren zu Beefort gebueden, nodeems Beefort no Penalty géint Neuwied gewënnt. Laang huet et duerno ausgesinn wei wann et net den Owend vun dem IHCB wier. Nom eichten Drëttel loung Beefort mat 1-4 hannen, enplus huet den Beeforter Goalie Michel Welter missten verletzt vum Äis. No der Paus koum den IHCB ëmmer besser an den Match an konnt den Réckstand verkierzen. Och den Piotr Swiderek, deen lo am Platz vum Michel Welter am Goal stoung, huet en ganz staarken Match gemaach. Am leschten Drëttel hunn déi Beeforter et dunn souguer gepackt den Match komplett ze dréinen an loungen bis 1 Minutt virun Schluss mat 5-4 fir. Duerch en glécklechen Goal kuerz virun Schluss stoung et um Enn 5-5. Am Penalty Schéissen konnt dunn rëm den Piotr Swiderek iwwerzeegen an all Neuwieder Schëss halen. Den Thierry Beran huet schliisslech den Match fir den IHCB entscheed.





Nächsten Heemmatch ass den 31.01. um 20h30 op Äispiste zu Beefort.





Goaler fir Beefort: Beran T. (2), Holtzem, Mossong N., Welter



Strofminutten: Beefort 16 + 20 (Schons)

Neuwied 10