1099 View(s)
Penalty-Victoire zu Heist

Penalty-Victoire zu Heist

Den Äishockeyclub Beefort huet 2 ganz wichteg Punkten beim Auswäertsmatch zu Heist gewonnen. Verletzungsbdengt an beruffsbedengt huet den IHCB fir dësen Match missten op 5 Stammspiller verzichten.

An der Ufanksphase vum Match stoung den IHCB ënner Drock an krut och no 6min en Geigengoal. Duerno sinn déi Beeforter besser an den Match komm an duerch Goaler vum Mirko Mosr an Benny Welter mat 1-2 an déi eicht Drëttelpaus gaangen.



An der 27min konnt den Claude Mossong op 1-3 erhéijen. Duerno ass den Match ëmmer méi haart an ëmkämpft ginn an Heist konnt dat an dëser Phase vum Match notzen fir op 2-3 ze verkierzen. Kuerz virum Enn vum 2. Drëttel gouf et eng diskutabel Matchstrof géint den Beeforter Kevin Strebel, sou dass den IHCB déi eicht 5min vum leschten Drëttel an Ënnerzuel huet missten spillen. Heist konnt des Iwwerzuel fir 2 Goaler notzen an lung mat 4-3 fir.



Duerch eng gutt kämpfereg Leeschtung an engem staarken Michel Welter am Goal konnten déi Beeforter eng 3-5 Ennerzuelsituation iwwerstoen. Déi gutt Teamleeschtung gouf an der 55min belount, wou den Benny Welter konnt den 4-4 schéissen. Déi lescht Minutten hat den IHCB puermol Méiglegkeet fir den 4-5, mee no 60min as et an Penaltyschéissen gaangen.



Penaltyschéissen konnten déi Beeforter fir sech entscheeden, nodeems den Michel Welter konnt 2 Penaltien halen, an gläichzäiteg den Benny Welter an Claude Mossong treffen.



Eng grouss kämpfereg Leeschtung vum IHCB an eng wichteg Victoire fir déi zweet Platz an der belger Div1 ze secheren.



Goaler fir IHCB : B.Welter 2, C.Mossong, M.Mosr



Nächsten Samsden 11.3. steet dann den leschten Heemmatch vun deser Saison um Programm. Rendez-vous 20h op der Äispiste zu Beefort