Neien Outfit vun den Beaufort Knights

Neien Outfit vun den Beaufort Knights

IHCB presentéiert neien Trikot

Den IHC Beefort huet an der Summerpaus schonn en neien Logo an Numm fir den eelsten Äishockeyclub vum Land virgestallt. Traditioun verbonnen mat engem modernen neien Logo soll den Club an den Äishockeysport nach méi populär maachen. Den Veraïn erhofft sech net nëmmen en méi groussen Public bei den Heemmatcher vun der belscher Div1, mee och en groussen Zoulaf bei den Kanner fir mam Äishockey unzefänken.

En Dënschden 11.9. huet den IHC Beaufort Knights deen neien Trikot fir Saison 2018/19 mat den Haaptsponsoren virgestallt. Nieft dem President Carlo Welter an dem Vize-President Jean-Marie Funk waren och d'Stéphanie Hein vun Paiperléck an den Théo Diederich vun Portes Zens present.

D‘Haaptsponsoren sinn nieft Portes Zens an Paiperléck Aides et Soins à Domicile, och d’Entreprise Karp-Kneip.

Donieft sinn als weider Sponsoren op der Tenue vun der éischter Equipe: RealIce, Lalux Assurance, Voyages Schmit, Hotel Meyer, Streetwheels, Fliesen Wagner an Skoda

Och Jugendequippen sinn mat neien Trikoten equipéiert ginn, dëst mat der Ënnerstëtzung vun Fliesen Wagner, Pneus Goedert, Knaf-Buchler Succ. H.Oeltges an d'Entreprise Freitas.

Den Ihc Beaufort seet all sengen Sponsoren op dësem Wee schonn mol villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Wann Iech den neien Trikot vun den Beefort Knights gefält, dann kennt der en elo bestellen.

Dir fannt den Trikot an all dei aner Fanartikel vum IHCB an der Rubrik "Fanartikel".

Order your personalized Beaufort Knights Jersey now

Infos & Bestellung per Mail un ihcbe.info@gmail.com