John Bierchen neien Trainer vum IHC Beefort
Als Goalie war den John an der ACHA (Amerikanesch Universitätsliga) an och an der SPHL (Southern professional hockey league) aktiv. Ganz frei schonn huet et hien awer hannert Bande als Coach gezunn, wou en säit 2009 verschidden Junioren Equippen betreit huet. Den John huet awer och Erfarungen als Coach an Co-Trainer an den béiden professionellen Ligen SPHL an ECHL.
Mam John Bierchen krit den Beeforter Äishockey een kompetenten an trotz sengem Alter schonn erfuerenen Mann als Trainer. Trotz Proposen vun Equippen aus Amerika wollt den John onbedéngt, besonneg weinst sengen Lëtzebuerger Wuerzelen, op Beefort kommen.
„Ech freeën mech Deel vun der Entwécklung vum Äishockey am Land vun mengen Urgrousselteren ze sinn. Meng Virfaren hunn net wäit vun Beefort gewunnt an dofir sinn ech immens frou matzehëllefen den Äishockeysport an dëser Regioun nofir zebrengen.“ John Bierchen
Den John wäert net nëmmen déi eicht Equipe an der belscher Div 1 betreien, mee ass verantwortlech fir all Senioren an Junioren Spiller aus dem Veräin.
Den IHC Beefort freet sech op Zesummenaarbecht mam John Bierchen an wënscht him vill Gléck an Freed bei senger Aarbecht am Beeforter Äishockeyclub.
Welcome to Beefort John !