517 View(s)
IHCB verléiert geint Mechelen

IHCB verléiert geint Mechelen

Den Äishockeyclub Beefort huet säin eichten Heemmatch an der belscher Div1 géint Cold Play Sharks Mechelen mat 6-9 verluer.

Nom eichten Drëttel lung den IHCB nach mat 2-1, no 2 Goaler vum Francois Schons, fir. Den zweeten Drëttel ass aus Beeforter Siicht schlecht gelaf. Déi erfahren Spiller aus Mechelen konnten Feeler vun den Beeforter gutt ausnotzen an nom zweeten Drëttel stoung et 2-5.

Déi lëscht 20 Minutten huet den IHCB nach eng Kéier alles probéiert. No engem schnellen an flotten Match stoung et um Enn 6-9 fir d'Gäscht aus der Belsch.



Goaler fir Beefort: B.Welter 3x, Schons 2x, Holy 1x



Den nächsten Match ass den 29.10. 20h00 zu Beefort géint Hasselt Limburg one