IHCB-Spiller op der IIHF WM Div IIb zu Granada

IHCB-Spiller op der IIHF WM Div IIb zu Granada

Vum 14. bis 21. Abrëll 2018 war zu Granada (Spuenien) d'IIHF Weltmeeschterschaft an der Div IIb. Nom Opstig vun der Lëtzebuerger Äishockeynationalequipe d'lëscht Joer zu Sofia, war Ziel fir dëst Joer net erem direkt ofzesteigen.
Een Goal méi am lëschten Match geint Nordkorea (2-1) wier duergaangen fir an der Div IIa ze bleiwen. Leider sollt dat, trotz masseg Geleeënheeten, net geléngen. Trotzdeem war et fir all Spiller eng gutt Erfarung fir déi weider sportlech Karriäre.
Mat derbäi waren dëst Joer och 9 Spiller vum IHC Beefort: Claude Mossong, Kai Linster, Francois Schons, Nicolas Mossong, Cedric Farinon, Benny Welter, Xavier Thill, Mirko Mosr an Bob Linster.