IHCB op zweeter Platz an der Div 1

IHCB op zweeter Platz an der Div 1

Fir den Ofschloss vun der Saison 2016/17 an der belger Div1 konnt den Äishockeyclub Beefort mat 10-1 Auswäerts géint Turnhout Tigers gewannen. Besonnesch offensiv konnten déi Beeforter iwwerzeegen an soumat och den leschten Match vun der Saison gewannen.

Déi verbleiwend Matcher vun der Liga, wäerten keng Auswierkungen méi op Tabelle hunn. Domat kann den IHCB sech déi zweet Platz hannert den Mechelen Cold Play Sharks sécheren. Sécherlech eng gutt Placéierung an der belger Div1.



Nodeems déi Beeforter relativ nervös an den neien Championnat gestart sinn, konnt Equipe duerno hir Leeschtung bis an den Dezember stabil halen. Bis dohin goufen just déi 2 Matcher géint den spéideren Champion Mechelen verluer (9-5 an 3-2 no penalty).

No der Chrëschtvakanz hat den IHCB Schwieregkeeten erëm den Spillrythmus ze fannen, waat sech och an deelweis schlechten Leeschtungen souwuel am belgen Championnat wei och am Lux-Cup gewisen huet.

Den Schluss vun der Saison konnt den IHCB awer erëm positiv gestalten an seng lescht 6 Matcher alleguer gewannen. Sou dass um Enn eng iwwerraschend awer och verdéngten zweeten Platz an der belger Div1 erausgesprongen ass. Festzehalen bleift och nach, dass den Beeforter Spielertrainer Benny Welter beschten Scorer an der Liga ginn ass.



IHCB 2016/17:



Goal: Michel Welter, Piotr Swiderek, Sven Cruchten

Defense: Kai Linster, Xavier Thill, Cedric Farinon, Francois Schons,

Brian Schleimer, Dennis Grönlund, Yvan Boumal,

Attaque: Mirko Mosr, Ben Houdremont, Benny Welter, Joel

Holtzem, Nicolas Mossong, Claude Mossong, Bob Linster,

Eric Wambach, Kevin Strebel, Ricky Barciela,

Marek Holy (bis Dez), Brian Fernandes (bis Dez), Cyril

Roux (bis Dez)