824 View(s)
IHCB op zweeter Platz

IHCB op zweeter Platz

Den Äishockeyclub Beefort konnt sech en Samschden Owend erëm déi zweet Platz am Belschen Championnat Div 1 sécheren. No engem haarden Match konnt den IHCB sech däitlech mat 9-3 géint Charleroi Red Roosters duerchsetzen.



Den nächsten Match mussen déi Beeforter nächsten Samschden Moien (11h) zu Heist spillen. Den leschten Heemmatch vun der Saison ass dann den 11.03.2017 um 20h zu Beefort op der Äispiste



25.02.2017 IHCB-Charleroi: 9-3



Goaler fir Beefort: B.Welter 4, Houdremont, Farinon, Wambach, Grönlund, C. Mossong