IHCB gewënnt zu Zweebrecken
Um Sonnden 25.01. stoung en ganz schwéieren Auswäertsmatch fir déi Beeforter um Programm. Duerch vill Ausfäll wéint Blessuren, Sperren oder Aarbechtsbedengt, konnt den IHCB just mat 9 Spiller untrieden. Wei erwaart stoung et nom eichten Drëttel 5-1 fir Beefort.
Kuerz no der Paus gouf et eng diskutabel Entscheedung géint den IHCB, sou dass dei Beeforter den Match mat 8 Spiller hunn missten zu Enn spillen. Duerch eng disziplinéiert Leeschtung konnt den Match trotzdem mat 5-2, géint eng komplett iwwermotivéiert Equipe vun Zweebrecken, gewonnen ginn.
Goaler fir Beefort: Houdremont 2, Beran T, Welter, Mosr Miro
Stroofminuten: Beefort: 13 + 20 (Houdremont)
Zweebrecken: 21 + 20 (Amend)