IHCB gewënnt Optaktmatch

IHCB gewënnt Optaktmatch

Den Äishockeyclub Beefort ass gutt an déi nei Saison gestart an huet säin eichten Match an der belscher Div1 mat 8-6 zu Herentals gewonnen. Nodeems net manner wei 8 Spiller fir den Match ausgefall sinn, huet den IHCB mat 10 Spiller an 2 Goalien gespillt. Den eichten Drëttel konnten déi Beeforter hir vill Chancen net notzen an et ass mat engem 0-0 an déi eicht Paus gaangen.

Am zweeten Drëttel ass et dunn besser gelaf, an no Goaler vun Marek Holy, Ben Houdremont an Benny Welter stung et 4-0 fir Beefort. Duerno huet den IHCB missten den Goalie wiesselen an den Piotr Swiderek huet den Michel Welter ersat. Déi lëscht 20 Minutten huet sech dunn lues an lues Middegkeet bei den 10 Beeforter Spiller gewisen. Mee no groussem Kampf konnt den IHCB den Virsprong iwwer Zäit bréngen an den Joel Holtzem huet mat sengem Empty Net Goal fir déi definitiv Entscheedung gesuergt.



Goaler fir Beefort: Marek Holy (3), Benny Welter (2), Ben Houdremont (1), Francois Schons (1), Joel Holtzem (1)



IHCB: Michel Welter (G), Piotr Swiderek (G), Francois Schons, Brian Schleimer, Bob Linster, Cedric Farinon, Marek Holy, Benny Welter, Ben Houdremont, Nicolas Mossong, Mirko Mosr, Joel Holtzem



Nächsten Samschden 22.10. eichten Heemmatch zu Beefort géint Mechelen