IHCB gewënnt éischten Match vun 2015
Den 3. Januar stoung den éischten Match vum neien Joer fir déi Beeforter um Programm. Géint Zweebrecken konnt sech den IHCB souverän mat 12-2 duerchsetzen. Erfreelech op Beeforter Säit war den Comeback vum Thierry Beran, deen no laanger Paus och direkt 3 Goaler konnt schéissen.
Goaler fir Beefort: Beran T (3), Welter (3), Beran R. (2), Houdremont (2), Linster, Holtzem
Strofminuten: Beefort 10
Zweibrücken 8