IHCB gewënnt 2mol an verléiert zu Mainz
Fir den Beeforter Äishockeyclub goufen et zum Optackt vun der Rheinland-Pfalz-Liga 2015/16 zwou Victoiren an eng Defaite
21.11.2015 IHCB - Zweebrecken
Den eichten Match vun der Saison 2015/16 huet den Äishockeyclub Befort mat 8-4 zu Beefort mat 8-4 gewonnen. Den IHCB war dem Géigner iwwerleeën an huet dësen Match och verdéngt gewonnen.
Goaler fir Beefort: Holtzem (2), Welter (2), Schons, Houdremont, Mosr
Zuschauer: 150
22.11.2015 Mainz - IHCB
Direkt den Daach drop stoung den schwéieren Auswäertsmatch zu Mainz um Programm. An der Ufanksphase hunn déi Mainzer vill Drock op den Beeforter Goal gema. Duerno ass den IHCB besser an den Match komm, an Resultat ass bis zum Schluss enk bliwwen. Um Enn hunn sech déi Beeforter missten mat 1-3 geschloen ginn.
Goal fir Beefort: Mossong
29.11.2015 Neuwied - IHCB
Den zweeten Auswäertsmatch fir Beefort ass zu Neuwied mat 6-5 no Penalty gewonnen ginn. Den IHCB hat Problemer an den Match ze fannen an loung quasi iwwert déi komplett Spillzäit zeréck. Um Enn konnten déi Beeforter awer en 3-5 Réckstand nach ausgläichen, sou dass d'Entscheedung am Penaltyscheissen huet missten falen. Nodems den Beeforter Goalie Michel Welter 3 Penaltyen konnt halen, huet den Francois Schons den entscheedenden Penalty fir den IHCB erageschoss.
Goaler fir Beefort: Welter (4), Holtzem
Penalty: Welter, Schons
Nächsten Match an der RPL-Liga ass den 5.12.2015 zu Beefort géint Mainz
Am Kader vum Luxembourg Cup huet den IHCB géint Puckers Luxembourg an Huskies Luxembourg gespillt:
IHCB - Huskies: 2-4
IHCB - Puckers: 7-1