IHCB gewënnt 1 Punkt zu Mechelen
Den Äishockeyclub Beefort huet no engem spannenden Match beim ongeschloenen Tabellenéischten vun der belscher Div1 mat 3-2 no Penalty verluer. Mat engem Michel Welter an Toppform am Goal loungen déi Beeforter bis 8min virun Schluss mat 2-0 fir. No 60 Minutten stoung et awer 2-2 gläich an domat ass et an Penaltyscheissen gaangen. Do konnt sech dunn Equipe aus Mechelen duerchsetzen.
Um Enn konnt den IHCB 1 Punkt aus Mechelen mathuelen. Spéitstens no dëser staarker an disziplinéierter Equipenleeschtung huet den IHCB gewisen, dass eng gutt Platzeierung am Championnat vun der Div1 meigleg ass.
Goaler fir Beefort: Houdremont, B.Welter
Den nächsten Match ass den 19.11. um 20h zu Beefort geint Louvain Chiefs