IHCB an der Belger Div1
Den Äishockeyclub Beefort start an der Saison 2016/17 an der belger Nationalliga. Nodeems den IHCB die lescht Joren an Däitschland an der Rheinland-Pfalz-Liga gespillt huet, huelen die Beeforter des Saison eng nei Erausfuerderung un, an hunn sech an die staark Div1 an der Belge gemellt.
Ligue national Belgique besteet aus 11 Equippen:
IHC Beaufort
HYC Herentals
Sharks Mechelen
Limburg one Hasselt
Gullegem Jets
Louvain Chiefs
Bulldogs Liège
Antwerp Phantoms
Olympia Heist
Turnhout Tigers
Charleroi Red Roosters
Den Championnat fänkt fir den IHCB den 15.10.2016 mat engem Auswäertsmatch zu Herentals un. Eichten Heemmatch as den 22.10.2016 zu Beefort.
All Heemmatcher vum IHC Beaufort ginn um 20h00 op der Äispiste zu Beefort gespillt.
Den genauen Spillplang fënnt een hei um Site.