21.11.2015 IHCB start an Saison 2015-2016
Fir den Äishockeyclub Beefort start nächsten Samschden 21.11. d'Saison 2015-2016 an der Regionalliga Rheinland-Pfalz. Am Spillerkader vun den Beeforter goufen et verschidden Verännerungen, trotzdem hoffen déi Verantwortlech och des Saison rëm positiv ze gestalten. Eichten Match huet den IHCB nächsten Samschden géint Zweibrücken zu Beefort op der Äispiste.
Regionalliga Rheinland-Pfalz 2015-2016:
IHC Beaufort
Eifel-Mosel Bären Bitburg
TSV Schott Mainz
EHC Zweibrücken
EHC Neuwied
Den IHCB hofft och an dëser Saison op är Ënnerstëtzung. All Beeforter Heemmatcher sinn Samschdes owes um 20h00 op der Äispiste zu Beefort.
Och des Saison gëtt et Méiglechkeet mat der Equipe op Auswäertsmatch ze fueren (all Infoen per mail ihcbe.info@gmail.com)