1591 View(s)
IHCB start an Saison 2017/18

IHCB start an Saison 2017/18

En Samschden 28.10.2017 um 20h as et endlech souwäit, den IHCB start mat engem Heemmatch an déi nei Saison. No den gudden Leeschtungen lëscht Joer an der belscher déi Div 1 sinn Erwaardungen natierlech héich. Et as allerdéngs dervun auszegoen, dass d'Liga mei staark wei nach Joer as.

Säit 3 Méint bereeden sech déi Beeforter Spiller op den Championnat fir. Den gréissten Deel dovunner ausserhalb vum Äis. Säit dëser Woch huet dann och Preparatioun an den Training um Äis ugefaange. Sou dass een dierft Gespaant sinn, wei des extrem kuerz Äiszait sech op den Match vun dësem Samschden wäert auswierken.
Den Kader vum IHC Beefort as gréisstendeels deen nämmlechten wei an der Saison virdrun. Gespaant dierft een allerdéngs op 3 Spiller sin, dei hiren Comeback an der éischter Equipe feieren. Sou sinn Thierry Holtzem, Serge Milano an den Krishan Schimberg rem zréck am Kader fir Saison 2017/18. Nei dabei as och deen 17 Joer jonken Chris Meyers, deen seng eicht Erfarungen am Senioren Beräich wäert sammelen.

Éischten Géigner as dësen Samschden Olympia Heist, déi lëscht Joer op der drëtter Platz vum Championnat waren. Heist huet aktuell schon 3 Matcher gespillt an leit mat 9 Punkten op der zweeter Platz.

Samschden 28.10.2017 um 20h Aispiste Beefort : IHCB vs. Olympia Heist
Entrée 5 Euro