6
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von IHC Beaufort...
News

Penalty-Victoire zu Heist

Den Äishockeyclub Beefort huet 2 ganz wichteg Punkten beim Auswäertsmatch zu Heist gewonnen. Verletzungsbdengt an beruffsbedengt huet den IHCB fir dësen Match missten op 5 Stammspiller verzichten.
An der Ufanksphase vum Match stoung den IHCB ënner Drock an krut och no 6min en Geigengoal. Duerno sinn déi Beeforter besser an den Match komm an duerch Goaler vum Mirko Mosr
Mirko Mosr
 an Benny Welter
Benny Welter
 mat 1-2 an déi eicht Drëttelpaus gaangen.

An der 27min konnt den Claude Mossong
Claude Mossong
 op 1-3 erhéijen. Duerno ass den Match ëmmer méi haart an ëmkämpft ginn an Heist konnt dat an dëser Phase vum Match notzen fir op 2-3 ze verkierzen. Kuerz virum Enn vum 2. Drëttel gouf et eng diskutabel Matchstrof géint den Beeforter Kevin Strebel
Kevin Strebel
, sou dass den IHCB déi eicht 5min vum leschten Drëttel an Ënnerzuel huet missten spillen. Heist konnt des Iwwerzuel fir 2 Goaler notzen an lung mat 4-3 fir.

Duerch eng gutt kämpfereg Leeschtung an engem staarken Michel Welter
Michel Welter
 am Goal konnten déi Beeforter eng 3-5 Ennerzuelsituation iwwerstoen. Déi gutt Teamleeschtung gouf an der 55min belount, wou den Benny Welter
Benny Welter
 konnt den 4-4 schéissen. Déi lescht Minutten hat den IHCB puermol Méiglegkeet fir den 4-5, mee no 60min as et an Penaltyschéissen gaangen.

Penaltyschéissen konnten déi Beeforter fir sech entscheeden, nodeems den Michel Welter
Michel Welter
 konnt 2 Penaltien halen, an gläichzäiteg den Benny Welter
Benny Welter
 an Claude Mossong
Claude Mossong
 treffen.

Eng grouss kämpfereg Leeschtung vum IHCB an eng wichteg Victoire fir déi zweet Platz an der belger Div1 ze secheren.

Goaler fir IHCB : B.Welter 2, C.Mossong, M.Mosr

Nächsten Samsden 11.3. steet dann den leschten Heemmatch vun deser Saison um Programm. Rendez-vous 20h op der Äispiste zu Beefort

Geschrieben von IHCB Admin, am 05.03.2017 um 16:56 Uhr.




    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: